Expo 1001 Tonnen

Hannergrënn vun der Ausstellung 1001Tonnen 

No ville Reunioune mat Fachleit zum Thema an der statistescher Fuerschung, iwwer d'Psychologie an d'alldeeglech Realitéit ronderëm d'Ëmweltverschmotzung wéi och iwwer d'Bekämpfung vun dëser, wollt d’Madame Jessica Theis verstoe firwat d'Leit sech esou behuelen a firwat se sou wéineg Respekt virun hirer Ëmgéigend hunn.

D’Fotographin Jessica Theis hat e puer Méiglechkeete fir d’Problematik vun dem Entsuerge vun Offall ze illustréieren a si huet decidéiert eng analog Kamera ze benotzen, eng Kamera déi et erlaabt hir op d'Landschaft ze fokusséieren, an dësem Fall eng verschmotzte Landschaft.

Ech hunn net no reng ästhetesche Biller gesicht,
mee Biller déi e Message ausdrécken.

Jessica Theis

Iwwert hier Fotoen an besonnesch der Ausstellung 1001Tonnen, wëllt si d’Bewosstsinn vun dem Schutz vun der Natur stäerken. Des Ausstellung gëtt am Kader vun Esch2022 organiséiert.

Biographie vum Jessica Theis

D’Jessica Theis ass 1981 zu Lëtzebuerg gebuer. Hiren éischte Fotoapparat, deen si fir d’Kommioun geschenkt krut war den Ufank vun enger grousser Passioun an et si huet hiren Hobby zum Beruff gemaach. No der 1ère, huet si Foto-Design an Däitschland studéiert an duerno als fräi Foto-Assistentin zu Köln geschafft bis si 2005 zréck op Lëtzebuerg komm fir als selbstänneg Fotografin ze schaffen.

Schoulen déi am Schouljoer 2022/23 beim Projet matmaachen
  • Lycée Technique d’Ettelbruck
  • École internationale Mondorf-les-Bains
  • Lycée Aline Mayrisch Luxembourg