LTEtt

Am Lycée Technique Ettelbréck hunn eng 2e an eng 1e GSO an der Optioun Lifestyle Coaching wärend dem 2. Trimester eng ganz Rei Aktivitéite gemaach fir sech mat der Offallgestioun zu Lëtzebuerg auserneen ze setzen.

Et goufen insgesamt 4 verschidden Aktivitéiten:

 

  • Workshop iwwer Fotograféieren a Fotoe vun illegalem Littering maachen, auswielen a verschaffen. (Zesummenaarbecht mat der Kënschtlerin a Fotografin Jessica Theis, déi d’Fotografie zu hirem Beruff gemaach huet.)
  • Eegestänneg Organisatioun an Duerchféierung vun dräi verschiddene Betribsbesichtegunge (SIDEC um Fridhaff, SIDEN op der Bleesbréck a SUPERDRECKSKESCHT zu Colmar-Bierg) fir sech op der Plaz e Bild vun der Offallgestioun zu Lëtzebuerg kënnen ze maachen.
  • Ausschaffen an sech Auserneesetze mam legale Kader, mat den ekologeschen a finanziellen Aspekter vun der  Offallgestioun an Dokumentatioun op Powerpoint-Sliden.
  • Sech Auserneesetze mat ville verschiddenen Approchen zur Offallverwäertung a Vermeidung an Usätz zur Sensibilisatioun: Dokumentatioun op Powerpointsliden an Erschaffe vu klenge Kuerzfilmer.


De Vernissage vun der Ausstellung 1001Tonnen@Lycée am Lycée Technique Ettelbruck ass Dënschdes, den 28. Mäerz 2023 an der Kapell vun der Annex vum Lycée.

 

 

Expo vun den Schüler hiere Wierker