Ecole Internationale de Mondorf-les Bains

An der École Internationale Mondorf-les-Bains hunn dräi S2 Klasse wärend 12 Woche mat 2 Stonne pro Woch aktiv beim Projet 1001Tonnen@Lycée matgemaach.
Et goung ënnert anerem drëms, d'Schüler zum Theema vun illegalem Dumping an Offallmanagement ze sensibiliséieren.

De Projet bestoung aus folgenden Etappen:

  • Workshop iwwer Fotograféieren
  • Atelier : wëllen Offäll dobausse sammelen a Reflexiounen doriwwer ustellen, wéi een illegalen Dumping vermeide kann
  • Schüler fotograféieren an dokumentéieren illegalen Offall an der Natur
  • Final Auswiel vu Fotoen
  • Drécken, Cadréieren an Ophänke vu Fotoen
  • Ausstellung vun de Schüler hire Wierker.

Dëse Projet gouf realiséiert an Zesummenaarbecht mat der Kënschtlerin a Fotografin Jessica Theis, déi d’Fotografie zu hirem Beruff gemaach huet.


De Vernissage vun der Ausstellung 1001Tonnen@Lycée an der École internationale Mondorf-les-Bains war de 5. Dezember a Presenz vum Educatiounsminister Claude Meisch.

Expo vun den Schüler hiere Wierker