1001Tonnen@lycées 1 Klass 12 Wochen 20 Fotoen 1001 Tonnen

 

Ëm wat geet et

All Joer ginn zu Lëtzebuerg ronn 1001 Tonnen Offall illegal an der Natur entsuergt; dëst entsprécht 1,6 Kilogramm pro Awunner. Net nëmme sinn dës schiedlech fir d'Natur, mee d’Entsuerge vun dem Offall ass och mat grousse Käschte verbonnen. 

De Projet 1001Tonnen, am Kader vun Esch22 lancéiert, setzt dës Problematik an de Virdergrond.  D’Kënschtlerin a Fotografin Jessica Theis provozéiert bewosst mat hire Fotoe vum illegalen Offall a féiert dem Public virun Ae wéi wéineg Respekt virun der Natur besteet. 

Fir déi jonk Generatioun op des Problematik opmierksam ze maachen, huet de SCRIPT zesumme mat der Madame Jessica Theis de Projet 1001Tonnen@Lycée an d’Liewe geruff. Am Kader vun dësem Projet, begleet d’Madame Theis jee 1 Klass vu Schüler iwwer 12 Wochen. D’SchülerInne setzen sech an deem Zäitraum aktiv mat der Problematik auserneen, ënner anerem duerch d‘Réalisatioun vun engem eegene Fotoreportage vun Offall an der Natur. Dës Fotoe ginn zesumme beaarbecht, geprint an am Lycée ausgestallt, fir esou d’ganz Schoulgemeinschaft mat anzebannen. 

1001Tonnen@Lycée schreift sech an d’Panoplie vu SCRIPT-Projeten an déi d‘Noohaltëgkeet thematiséieren.       

Konzept ganz einfach erklärt

Wéi kann een als Lycée deelhuelen? 

Am Schouljoer 2022/2023 gëtt dësen Projet an 3 Lycéeën duerchgeféiert: 

Am Schouljoer 2023/2024 gëtt dësen Projet an 3 Lycéeën duerchgeféiert: 

Lycée Michel Rodange

Lycée Nic Biever

Lycée Josy Barthel

Wann der Froen zum Projet hutt, dann kënnt dir eis gären eng E-Mail schécken op 1001tonnen@script.lu.